Een Donneschdeg kéinten d’Schotten hir iwwer 300 Joer aal Unioun mat England nees opléisen. An der Geschicht goufen alt gréisser Kricher a Schluechten tëschent Schottland an England. En Donneschdeg entscheeden d’Leit per Referendum. Gréisser Auswierkungen op déi schottesch, déi britesch & déi europäesch Politik (an op Lëtzebuerger Studenten) huet dëst awer trotzdem. Hei sinn 10 Froen an Äntwerten zum Referendum: 1) Ween dierf wiele goen? Alleguerten déi Briten, déi a Schottland liewen, hunn d’Recht am Referendum wielen ze goen – soulaang si minimum 16 Joer hunn. Et ass déi éischte Kéier, dass 16 & 17 Järeg am More…
