Vrun engem Mount huet den U.S. Supreme Court säin Urteel iwwer dat federalt Defense of Marriage Act gefällt. D’Gesetz aus den 90er, wat de Mariage op nationalem/federalen Plang als Unioun tëschent Mann & Fra definéiert, gouf vum iewechten Gericht als verfassungswiddreg ugesinn. Direkt nom Urteel huet de President säi Justizminister beoptragt d’Urteel vum Gericht direkt ëm zesetzen. Och d’Inneministesch Napolitano huet hir Leit direkt drop opmierksam gemaach, dass homosexuell Koppelen op deen nämmlechten Immigratiouns-Visa wéi heterosexuell Koppelen kennen setzen. (Obwuel sech do och nees nei Problemer bilden.) D’Entscheedung vum Gericht huet och nach eng Ännerung fir More…
