"Alles Guddes am neie Joer." Dat sot de Premier Bettel, déi leschte Kéier wéi hien d'Press op e Briefing nom Regierungsrot invitéiert huet. Zënterhier gouf et d'Affär vum Bréif vum François Bausch un d'Procureur Général, de "geheime Casier" an elo een diplomatesche Eklat mat Israel. D'Regierung ass an all Szenario ënnergedaucht an der Hoffnung, dass de Skandal esou scho verschwënnt. Beim "geheime Casier" ass dat bis elo awer net geschitt. Laut der Wëssenschaft ass dat ganz normal. D'Regierung muss seng Kommunikatioun änneren.
↧